Wooow!!! Lëtzebuerg

25.00

D’Charlotte an de Monsieur Hibou op Entdeckungsreess

ISBN : 9789995942915.
Catégories : , .
Editeur

Auteur(s)

Edition

Nombre de pages

WOOOW!!! LËTZEBUERG – D’Charlotte an de Monsieur Hibou op Entdeckungsrees ass e Kannerbuch iwwer Lëtzebuerg a véier Sproochversiounen, mat herrlechen Zeechnunge vum Keong-A Song.

Fir déi kleng Lieser huet den Thomas Schoos sech eng flott an opreegend Geschicht ausgeduecht. Un der Säit vum Charlotte a sengem beschte Frënd, der klenger Eil Monsieur Hibou, erliewe si spannend Aventuren an entdecken op hirer Expeditioun dat wonnerschéint a villsäitegt Lëtzebuerg. Si tauchen an an d’Kultur an d’Geschicht vum Land, erfuersche seng faszinant Plazen a léieren seng Märercher a Bräich kennen.
Och déi besonnesch Virwëtzeg kommen op hir Käschten: Op all Etapp vun der Rees erwaarde si interessant Anekdoten a Fakten.

Mat vill Léift fir den Detail huet d’Illustratorin Keong-A Song dem Buch eng perséinlech Nout ginn an zu der maträissender Atmosphär bäigedroen, sou dass een als Lieser ëmmer nees op eppes Neies stéisst. Op dës Manéier bleift d’Freed un der Lektür nach laang erhalen.