Fir hiren 10. Gebuertsdag ze feieren, huet d’Ettelbrécker Bibliothéik zesumme mat Kremart Edition e Buch iwwer Bicher an déi domat verbonne Méiglechkeeten erausbruecht “Wann ech e Buch wier” vum José Jorge Letria geschriwwen a vum André Letria illustréiert.
D’Buch ass op Lëtzebuergesch, ma de portugiseschen Originaltext ass och dran!
Den André Letria war extra op Lëtzebuerg komm, fir iwwer säi Buch ze schwätzen a fir zu Ettelbréck an de Schoule Workshoppen ze ginn.
En Hommage un d’Magie vum Buch: poetesch a voller Fantasie. Den André Letria huet déi prägnant Texter vu sengem Papp José Jorge Letria illustréiert – eng Freed fir jiddereen, dee frou mat Bicher ass.