Rasch(t) Auer

28.00

Gedichter a Prosa

ISBN : 9782879542867.
Catégories : , , .
Editeur

Auteur(s)

Edition

Nombre de pages

De Roland Harsch beschäftegt sech an dësem Wierk mat der Vergänglechkeet vun der Zäit. An enger Zäit, wou jiddweree behaapt, hien hätt keng Zäit, huet de Roland Harsch versicht, se unzehalen.

Gedichter a Prosa wiessele sech rhythmesch of. De Roland Harsch beschreiwt op seng gewinnt amüsant a geeschtvoll Manéier d’Konscht vun der Eegenanalys an dem Haltmaachen – de Géigendeel vun der alldeeglecher „Rush-hour“ Tëschent där enger an där aner Rasch-Auer (rush-h our), wou alles „rasch, rasch“, séier, séier muss goen, kënnt och ëmmer mol rëm eng Rascht-Auer, eng Zäit fir sech auszeraschten, fir sech z’erhuele vun deene sëlleche Strapaze vum stressegen Alldag, eng Zäit, wou een nodenke kann iwwert dat, wat een erlieft huet, wou een dat verschaffe kann, wat engem widderfuer ass …