Hui, de Wand bléist d’Blieder vun de Beem.
Mee d’Léini ass frou, well da kann hatt mat sengem Draach spillen.
D’Léini, d’Mamma an den Zottel entdecken den Hierschtbësch.
Se fanne Käschten, Champignonen an aner Schätz.
A wie wunnt dann do ënnert de faarwege Blieder?
Entdeck mam Léini d’Natur am Hierscht.








