Onméiglech si meeschtens d’Liewensëmstänn, mat deenen d’Personnagen an d’Figure sech erëmklappe mussen. Dat féiert dacks zu klengkaréiertem Gestruewels a Gestreits, heiansdo awer och poulriicht zu ganz komplizéierten oder absurden Entwécklungen. Ganz nom programmatesche Saz vum Janosch: „Mat enger schéiner Lige lieft et sech besser wéi mat enger schlechter Wouerecht.“ Hei nëmmen e puer Elementer aus dem Guy Rewenig sengen néng onméigleche Geschichten: E Museksdozent, dee vun engem Dag op deen anere seng Identitéit verléiert; eng Rebellioun am Shoppingzenter; eng Koppel op enger geféierlecher Expeditioun an d’Éislek; en Autosfestival an däischteren Zäiten; eng problematesch Vakanz um Vierwaldstätterséi; eng grouss Léift ouni Perspektiv; en Abléck an e Lëtzebuerger Vollekssport; en Debakel an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg; en Herkull, dee sech am Schoulministère onbeléift mécht. An nach vill méi Onméigleches gëtt an dësem villfältege Buch.
Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepoto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk
20.00€
ISBN : 9789995942809.
Catégories : C'est du Lux, Pour le plaisir.
Catégories : C'est du Lux, Pour le plaisir.
Editeur | |
---|---|
Auteur(s) | |
Edition | |
Nombre de pages |