A senger neier Sammlung vun eelef Geschichten an Erzielunge bleift de Guy Rewenig der Linn vun Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen an Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns trei. Mat vill Wuertwitz, Situationskomik, engem subtille Spill mam Klischee an absurde Momenter entwéckelt hien e klenge Panorama vum Liewen zu Lëtzebuerg, stellt dobäi skurril, verdreemten, traureg oder queesch Personnagen an de Mëttelpunkt.
Et geet dobäi ënner anerem ëm Reiwereien um Familljefest op Neijooschdag, eng Vakanzerees mat Grousselteren an Enkelkanner, bedreelech Ereegnesser bei engem Patientebesuch am Spidol, zwee fréier Schoulkolleegen, déi sech no laanger Zäit op enger niwweleger Parkplaz erëmbegéinen, e Wonnerkand, dat net ze zëssen ass, de kreative Virschlag vun iessbare Bicher, en Auteur, deen e Buchiwwer Näischt geschriwwen huet, oder och eng Koppel, där hire Sonndesausfluch op de Stauséi ëmmer méi zu enger logistescher Erausfuerderung gëtt.