Dat grousst Féissbuch

28.00

ISBN : 9789995942434.
Catégorie : .
Editeur

Auteur(s)

Edition

Nombre de pages


Sozial Netzwierker sinn ee wichtegen Deel vun eisem Alldag, an dach leiden eis Féiss massiv dorënner … se kommen nämlech net méi virun d’Dier!
Dowéinst huet de Roland Harsch ee Buch iwwer se, a fir se, geschriwwen, ee Buch iwwer glécklech, fräilafend Féiss (garantéiert keng Käfeghaltung), hir Heldendoten, hir Exkursen an d’Konscht an an d’Literatur, hir Schanddoten, eben iwwer Féiss, déi ee wichtegen Impakt op eis Gesellschaft, eis Kultur an op eis selwer hunn – schliisslech bréngen d’Féiss eis iwwerall hin a wëssen dacks besser wéi de Kapp, wou dat soll sinn. Illustréiert goufen dës [flott] humorvoll a léierräich Episoden aus der Welt vun de Féiss vum Michel Geimer, dee mat dësem Buch seng Léift [zum Zéiwekéis] zu sengen eegenen a friemen Zéiwen entdeckt huet. Dat grousst Féissbuch. E Buch voller Féiss. Féiss an allen Zoustänn, Féiss an allen Ëmstänn, an alle Formen.