Bluttsëffer

25.00 - Temporairement indisponible

All Fra dréit hire Päckelchen …

ISBN : 9782879782225.
Catégorie : .
Editeur

Auteur(s)

Edition

Nombre de pages

Déi eng schreiwen alles op, Dag fir Dag, Hefter
voll, leeën déi Hefter op d’Säit a paken se ni méi
un. Déi aner hunn all Erënnerungen am Kapp.
Déi kann een zu all Zäit unzapen, wéi e vollt Faass.
Et
wonnert een sech dann, wou déi Datumer, déi
präzis Beschreiwunge vun de klengsten Detailer
gespäichert waren. Kann een deenen Extrakter
trauen? Wat ass wouer a wat ass erfonnt?
Am 1. Band, BLUTTSËFFER, stinn
d’Famillje Gerber, Maltes a Birnbaum vu
Grozeg am Mëttelpunkt. An de Joren 1905
bis 1951 hunn d’Fraen net vill an der
Männergesellschaft ze soen. Et sinn awer just
si, déi alles um Lafen halen.