De Willi Wull, e Maulef, huet d’Nues erausgestreckt a kuckt sech an engem Gaart no beim Stauséi ëm. An do gesäit e jo net d’Susi, eng kleng Kanéngchen, déi an engem Käfeg agespaart ass. Well hie gläich an déi léiw Kanéngche verknallt ass, mécht hien elo alles, fir d’Susi aus deem Gefängnis erauszekréien. Dat geet natierlech net, ouni dass d’Mënschen dat gesinn.
A si kommen sech es net zou, datt do op eemol riseg Hiwwelen entstinn an drënner Risentunnellen. Wat muss do e Monster liewen! A sou kënnt alles ugerannt: vun den Noperen iwwert d’Televisioun bis zum Saurierforscher, an alles wéinst dem Willi Wull! Eng léiw, mä och spannend Geschicht iwwert dee schlauen a staarke Maulef, mä wéi se ausgeet, verrode mer awer net!







