De waarme Summer geet lues a lues eriwwer an et gëtt Hierscht.
Di kleng Gäns (en Zuchvull) spiert dass si eppes Wichteges ze dinn huet,
mee si weess einfach net wat. Vläicht kennen hir Frënn hir hëllefen?
Eng wonnerschéin Geschicht iwwert seng Platz an der Welt ze fannen,
de Wandel vun de Joreszäiten an doriwwer wei d’Zuchvullen
sech zesummen fannen, fir an de Süden fléien.








