Den Ech-Erzieler steet enges Dages am Laf vum Joer 2016
virun „dem Lach, dat fréier mol den Aldringer war“ a kritt
d‘Gefill, datt generell eppes mat der Welt a besonnesch mat
Lëtzebuerg net stëmmt. Alles wierkt fir hien, wéi wann et
just eng bëlleg Kuliss aus Kartong wier. Wat als komescht
Gefill ufänkt, entwéckelt sech zu engem eeschte Problem,
well näischt méi reell wierkt: D‘Pizzeria net, d‘Chamber an
déi lëtzebuergesch Politik souwisou net, net emol de Besuch
beim Bäcker, wou ee rosenen Här versicht, säi Croissant op
Lëtzebuergesch ze bestellen.
Fassad a Substanz
17.90€
ISBN : 9782879672656.
Catégories : Littérature, Loisirs, Luxemburgensia.
Catégories : Littérature, Loisirs, Luxemburgensia.
| Editeur | |
|---|---|
| Auteur(s) | |
| Edition | |
| Nombre de pages |





