Am schéinste Schnéiwanter kuckt de Bommel, e ganz léiwe Kueder, aus dem Schnéikoup eraus. Wéi en do drënner geroden ass, verrode mir hei net. Mä och am Fréijoer erlieft de Bommel ganz intressant Erliefnisser, well beim Weier léiert en e Fësch kennen, an deen erzielt him weider wonnerbar Geschichten. Ob déi all sou ënner Waasser passéiert sinn, dat wäerten d’Kanner da wuel selwer erausfanne kënnen. A mat 80 Säiten si vill flott Geschichten dran, ob se virgelies ginn oder ob d’Kanner se selwer liesen, spillt wuel déi mannste Roll. Si wäerten d’Kanner erëm all begeeschteren.







