Dëst Buch ass fir ganz kleng Kanner a weist deene mat dem Bicherwuerm Felix, wéi schéin a wäit een och a Gedanke reese kann — wann een an d’Bicher kuckt. Grad dofir huet och d’ULBP, Union Luxembourgeoise des Bibliothèques Publiques, dëst Buch mat ënnerstëtzt. An 2009 huet Dem klenge Felix seng grouss Rees de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kanner- a Jugendliteratur gewonnen.
De klenge Bicherwuerm Felix wunnt um Späicher, mä eréischt wéi en déi grouss Bibliothéik an der Stuff entdeckt, schmaacht hie vun all Buch, erlieft sou vill flott Saachen a bréngt et fäerdeg, datt herno seng ganz Famill a seng Frënn sech fir d’Bicher intresséieren. An natierlech ass dat Buch mat haarden Deckelen erëm vum Renée Weber selwer wonnerschéin a faarweg illustréiert ginn.







