Dem Finn seng Gedanke kreesen – wéi esou oft – erëm ëm d’Schoul.
Iergendwéi kritt en sech einfach net berouegt. En ass esou opgereegt!
A sengem Zelt begéint en engem gemittlechen a frëndlechen Tiger.
Eng Rees duerch den Dschungel mam Tiger hëlleft dem Finn,
am Moment ze bleiwen a seng angschtvoll (Zukunfts-)Gedanken ze iwwerwannen.
De Gedankentiger huet allerhand Tricken drop. Vläicht och fir dech?



