De Kuakerino ass e gléckleche Fräsch, bis eemol e puer Libelle bei sengem Dëmpel stallhalen, fir do ze danzen. Et ass einfach ze schéin, wéi si am Liicht glënneren an duerch d’Loft schwiewen. Fir de Kuakerino steet fest: Hie wëll och danze léieren! Ma d’Libelle maache just de Spunnes mat him: Danze mat esou engem mockelege Bauch an esou bossege Knéien? Awer de Kuakerino gëtt net op, hien trainéiert an trainéiert …
E lëschtegt Billerbuch, dat weist, wéi ee mat Courage an engem staarke Wëllen iwwer sech eraus sprange kann.




