Resilienz – Forum 2024 – Gesond opwuessen

11 octobre 2024, 18h, Parc Hôtel Alvisse, Dommeldange

D‘Fërderung vu psychescher Gesondheet, d‘Entwécklung vu Liewenskompetenzen, den Opbau vu Ressourcen a Mesure vu Suchtpreventioun si wichteg Bausteng fir eng Gesellschaft an där Kanner a Jugendlecher resilient a gesond opwuesse kënnen.

Den CNAPA invitéiert all Acteuren, déi sech zu Lëtzebuerg am Kanner- a Jugendberäich engagéieren, fir sech mat engem Informatiounsstand ze bedeelegen.

Experten/-innen vun der LLHM, L’Université de la Nature, der FINDER Akademie an dem CNAPA wäerten tëscht 16h an 18h en Echange mat dëse Partnerorganisatiounen iwwer verschidde Froen zum Thema « Gesond opwuesse »  moderéieren.

Den ëffentlechen Deel vum Forum ab 18h riicht sech un Elteren a Professioneller an all déi, déi sech fir dës wichteg Themen interesséieren an sech informéiere wëllen.

Resilienz bei Kanner a Jugendlecher stäerken – loosst eis zesummen doriwwer schwätzen!

Méi Infoen