Gedeessems, Gesolpertes, Gewurschtels

10.00

116 gehäerzte Wierder mat Ge- an -s

Band VI

ISBN : 9782919964468.
Catégories : , .
Editeur

Edition

Collection

Am Buch ginn 116 gehäerzte Wierder mat Ge- an -s presentéiert, flott illustréiert, mat engem oder e puer Beispillsätz ënnermoolt an op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat. De Minister seet a sengem Virwuert, datt dës Wierder „fir d’Lieserinnen an d’Lieser einfach nëmmen e puere Genoss“ sinn: „Gebratschs, Gefréckels, Geschnadders a Gezecks. Bei deene Wierder huet een direkt d’Situatiounen am Kapp, wou een se kéint héieren oder och selwer soen.“ D’Wierder, déi an dësem Band am Mëttelpunkt stinn, si just e klenge Choix, dee soll Appetit drop maachen, selwer kreativ ze ginn. Wéi schreift de Minister Thill: „Dat flottst un der Saach? Et kann ee praktesch mat all Verb selwer esou e Wuert schafen, och wann een et virdrun nach ni héieren hat.“

A wou kéint ee sech dofir besser inspiréieren ewéi an der faarweger Buchserie vum Lëtzebuerger Wuertschatz?