De Renert, déi berüümt Fuussefabel vum Méchel Rodange aus dem Joer 1872, baséiert op engem Stoff mat enger laanger Traditioun, déi bis an d’Mëttelalter zeréckgeet. Ënner anerem hunn déi grouss däitsch Auteure Gottsched a Goethe ënnert dem Titel Reineke Fuchs 1752 respektiv 1782 hiert eegent Wierk doraus gemaach.
De Méchel Rodange huet sech fir säi Renert virun allem um Goethe inspiréiert, ma sech et dobäi net huele gelooss, d’Geschicht an en neie Kontext ze setzen. An esou zeechent hien a senge 6.452 Versen e satirescht Bild vun der lëtzebuergescher Gesellschaft am 19. Joerhonnert, der Zäit vum jonken Nationalstaat an der industrieller Revolutioun. Als Lieser stellt een dobäi méi wéi eng Kéier fest, dass vill vu sengen Observatiounen och op eis haiteg Zäit passen.
Dës nei Editioun vum Renert, erausginn a kommentéiert vum Romain Hilgert, baséiert op der Ausgab vun 1987, et goufe par rapport dozou awer e puer Adaptatioune virgeholl. De Primärtext bleift no un der éischter Ausgab vun 1872 ënner Berécksiichtegung vu spéidere Korrekture vum Rodange. Fir dass en eis awer och haut accessibel ass, gouf en un déi nei Orthographie vun 2019 ugepasst. Nieft dem Haapttext sinn och dem Rodange säi Virwuert a säin E Wuert fir de Lieser mat ofgedréckt, an deem den Auteur seng Schreiwung erkläert. De Primärtext gëtt komplettéiert duerch eng ausféierlech Bibliographie, historesch Illustratioune wéi och e Virwuert a Marginalglosse mat historeschen, politeschen a sproochlechen Explikatioune vum Romain Hilgert.