D’Erzielung Iesel ass e pechschwaarzt Bild iwwert d’Verréiung an der Gesellschaft. Gläichzäiteg probéiert s’och déi al Thees vum tockskäppegen Iesel als en dommt Déier ze widderleeën.
De Broker Till lieft mat senger Fra Lucie an de Kanner Mireille an Tom an enger restauréierter Millen, déi mëtten an enger houfreger Wunngéigend läit. Fir de Kanner eng Freed ze maachen, keeft en hinnen en Iesel. Dobäi erfëllt d’Déier d’Funktioun vun der Méimaschinn grad ewéi vun der Dekoratioun vun der Proprietéit – Et ass eng Investitioun an d’Haus. Alles schéngt perfekt, d’Famill, de Beruff, mee op engem gewéinlechen Dag geschitt eppes Onerwaartes.
„Kuck dach. E frësst.“
„Wat soll e soss maachen? Iesel frësst an Iesel schäisst. De Laf vun der Natur.“
„Till, du bass en Zyniker.“
„Sinn ech net.“
„Kloer bass de dat. Du hues kee Sënn fir esou Béischt.“
„Garantéiert hunn ech deen. D’Kleopatra hat sech an Ieselsmëllech gebuet.“
„Wou steet dat? Wee seet dat? An Iesel ass e Mann. Dee gëtt keng Mëllech.“
„Iesel ass en Hengscht, Lucie. An déi ginn och Mëllech.“
„Heiansdo.“