Déidlech Ofgrënn

22.00

Aus der Serie
„Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm“

ISBN : 9789995942410.
Catégorie : .
Editeur

Auteur(s)

Edition

Nombre de pages


1973. De Kommandant vun der Gendarmerie Brigade Rued-Sir Dominique Franck gëtt op Ouschtersonndeg moies fréi a sengem Büro opfonnt, mat enger Kugel am Kapp.

Et schéngt ee sëffegen Owend gewiescht ze sinn, déi selwer gebrannte Mirabell steet nach um Dësch, grad wéi dräi Glieser. Am Nopeschhaus gëtt een anere Gendaarm fonnt, deen ze déif an d’Glas gekuckt hat a kuerz drop an e Koma fält. Vun deem Drëtten an der Ronn feelt all Spur.

Wien huet den Ofzuch gedréckt? Dat muss dem Kapitän Fischbach seng Equipe elo rausfannen, ouni dobäi un d’Ëffentlechkeet ze goen – ee Gendaarm erschoss, een aneren am Koma, dat wier e Skandal fir déi ganz Gendarmerie. An net nëmme fir déi, d’Hannergrënn vun dëser Affär féieren de Fischbach 30 Joer zeréck a Polen bei d’Fräiwëllegekompanie, eng Zäit, déi munch Leit aus hirem Gediechtnes läsche wëllen an anerer dozou beweegen alles un d’Luucht bréngen ze wëllen. De Fischbach entdeckt bei sengen Ermëttlunge Faiten, déi e sou ni erwaart hat an hien zu Schrëtt verleeden, déi sou sécherlech ni geplangt waren.